RTL.lu :
Hei eng Auswiel vun den SMSen, déi iwwert d’GRATIS-Nummer 6 40 40 erakommen. Wéi onschwéier z’erkennen ass, kënnen d’Leit déi Kéier dem Schnéi och méi eng lëschteg Säit ofgewannen, och wann de seriöse Volet natierlech am Virdergrond steet. Mee eng intensiv Virinformation a Preparatioun schéngt och ewell en Ënnerscheed an de Käpp ze maachen:
11:41 – Ups… Hun lo grad eng Schneiflack hei an der Stad gesin ![]()
11:42 – Schnéichaos zu Munneref: et schnéit riit eran, mir schwahnt fürchterliches!!! Eng besuergten Mamm an Hausfraa
11:48 – Hun eng Schneiflack gesinn
11:53 – Iwwerall schneit et just zu eilereng na net ![]()
12:02 – drei zentimeter eis und minus 18 GRAD an mengem tiefkühler an der gemeng stesel
12:03 – Komescherweis an der stad nach kee schnei. Vlait eng insel?;)
12:14 – Aer mammi huet ugeruff: daer hudd alleguer aer schmieren vergiess ![]()
12:30 – Komesch,op mengem kiechbierg schneit et net,wosst net datt et der puer geif gin..
12:34 – Leise rieselt der schnee
12:46 – Rondrem Woltz schneit ET horizontal
12:49 – Et mengt een graad den 2. Deel vum ‘The day after tomorrow’ geif hei zu Letzebuerg gedreiht gin. Laaft alleguer an staedtesch Biblioteik. M.
13:00 – Ech gin jo richteg neideg well hei op de Bahamas ass dat eenzegt Eis an den Coctail’er !
13:01 – D’ cfl huet haus ausnamsweis keng verspeidung
13:30 – Bei eis hei am Gronn ass nach alles ok , an den Choky ass och gudd kaal .
)
13:42 – Also hei zu hamm schneit et op deenen 2 seiten vum buro! Mega! Scheine bjour
Mathis
13:53 – Also Mathis op menger Sait awer vill méih
) Sheila
14:05 – Opgepasst. Hei um Kirchbierg retschen d’Autoen an d’Leit um villen Salz. Si si schon 5x laangescht streen komm. All Flack gett ouni Pardon bekämpft. D’Genfer Konventioun gett hei net agehaalen.
14:08 – Ech och Juppi dann hunn ech den Owend erem eng Ursaach fir net Heem ze goen
14:49 – Urgent. Därfen d’Salzlieweranten dann fueren? Oder mußen P et Ch. elo Tuten am Cactus kâfen?
14:55 – Et schneit horizontal, vertikal, souguer an 3D hei um knuedler! Den leiwen get et kaal dobausen. Ah jo d’bild geet emer nach nik.
14:57 – Erni gees de een glühwain firt ganzt haus sichen?
15:26 – Leit sollen hier luuchten un maan !!!!!!!!!!!!! Och busser !!!!!!!!! Merci cathy
15:27 – Hei zu Wooltz läit lo ee gudden Zentimeter Schnéi!! Katastroph! Dat war nach nie do! Total Panik!
15:38 – As vil stau zu hesper?as nämleg de wee wou ech fir hem fueren :S
16:02 – Opgepasst! Lawinengefôr. Hahaha, endlech Schnéi. Kann ët sin dat mer Wanter hun?
